CareJonker am humanitäre Journalismus forméieren

RTL Lëtzebuerg
Zanter zwee Joer kollaboréiert Care mat verschiddene Lycéeën zu Lëtzebuerg, fir de Schüler de Beruff vum humanitäre Journalismus méi no ze bréngen.

Ob d’Corona-Pandemie oder de Krich an der Ukrain, ëmmer erëm zéie Krise weltwäit Opmierksamkeet op sech. Ma dobäi ginn et esou vill méi Krisen, déi nëmme wéineg an de Medien thematiséiert ginn. Mam Projet “correspondants humanitaires” vun der Organisatioun Care soll sech dat änneren. Iwwer dräi Workshoppe léieren d’Lycéesschüler, wéi ee Krisen analyséiert, duerno dozou en Artikel schreift an e Podcast oder e Film produzéiert, fir d’Leit zu Lëtzebuerg iwwer dat, wat an der Welt geschitt, ze informéieren. Abaue kënnen d’Schoulen de Projet an ee vun hire Coursen.

Fir d’Beatrice, d’Kristina an de Mohammed aus dem Lycée Technique du Centre war et deen éischte Podcast, dee si opgeholl hunn. Fir iwwert déi Lëtzebuergesch Hëllef am Niger ze schwätzen, hate si de Franz Fayot, Minister fir Kooperatioun an humanitär Aktiounen am Interview. Deementspriechend waren d’Schüler sichtlech opgereegt an dobäi ass de Podcast besser verlaf wéi erwaart.

Back to Top
CIM LOGO