
E Freideg de Mëtteg war op der Place de la République zu Paräis eng transnational Manifestatioun am Kader vun der "Youth for Climate"-Beweegung, wou Jonker sech fir ee bessere Klimaschutz agesat hunn.
Schonn en Donneschdeg gouf et eng Manifestatioun an der belscher Haaptstad, wou 7.500 Jonker op d'Strooss goungen. Mat dobäi waren och Prominenter wéi d'Schauspillerin Juliette Binoche oder d'Buergermeeschtesch vu Paräis d'Anne Hidalgo.

Nieft der franséischer, belscher, däitscher, Schwäizer an der schwedescher Beweegung, ënnert dem Greta Thunberg, waren och jonk Lëtzebuerger mat dobäi, dat vun der Organisatioun "Youth for Climate Luxembourg" - Motto: Rise for Climate, also opstoe fir de Klima.
FOTOGALERIE: "Youth for Climate"- Beweegung zu Paräis (22.02.2019)