
E Méindeg fänkt d'Schoul nees un a fir déi Schüler, déi op enger Ofschlossklass sinn, réckelt d'Zäit méi no, wou se sech decidéiere mussen, a wéi eng Richtung se wëlle goen.
Fir bei der Orientéierung ze hëllefen, hat de "Service national de la jeunesse" dës Woch eng Kontakt-Foire fir Jugendlecher an hir Eltere mat der Aarbechtswelt organiséiert. D'Maryse Lanners war bei "Be active" zu Diddeleng dobäi.