Nei Wandrieder am Süd-Oste vum LandJorelaang goung et mam Projet hin an hier, elo ginn der zwee opgeriicht

Jeannot Ries
"Mir wëllen Deel vun der Energietransitioun sinn an eise Bäitrag dozou leeschten, datt Lëtzebuerg seng Klimaziler erreecht."
Nei Wandrieder am Süd-Oste vum Land
“Mir wëllen Deel vun der Energietransitioun sinn an eise Bäitrag dozou leeschten, datt Lëtzebuerg seng Klimaziler erreecht.”

Am Süde vum Land schaffen d’Soler a Südenergie zanter iwwer enger hallwer Dose Joren zesummen um Projet “Wandpark Südwand”.

No engem Joerzéngt hin an hier deet sech eppes am Süde vum Land. Ugefaange mat deem elo schonn 160 Meter héijen Tuerm vum Wandrad, wat bei Peppeng opgeriicht gëtt. An nieft Steebrécken gëtt um zweete Rad geschrauft. Anlagen, déi jee no Standuert tëscht 7 an 9 Gigawatt pro Stonn pro Joer produzéiere sollen. Stroum fir eng 1.500 bis 2.000 Haushälter vu véier Persounen. 5 Milliounen Euro ginn an d’Anlag zu Peppeng investéiert. Rentabiliséiert ass sou eng Installatioun no 6 bis 9 Joer.

Ufanks hat Südenergie awer méi grouss gesinn.

Streng Ëmwelt-Oplagen oder de Respekt vun Normen, wat de Kaméidi ubelaangt, hu mat sech bruecht, datt de Projet “Südwand” vu ronn 20 Wandrieder op elo emol zwou geneemegt Anlage geschrumpft ass.

© Jeannot Ries

Den Ament dréien am ganze Land 62 Wandmillen, déi eng 100.000 Persoune mat Stroum versuergen. Bis 2030 soll d’Produktioun verdräifacht ginn.

Dozou bäidroe wäert geschwënn och de “Wandpark Duelem”. E Projet, deen de lokale Gemengerot eng éischt Kéier am Januar 2013 beschäftegt huet. Bei Welfreng, respektiv tëscht Duelem a Siren ginn den Ament d’Aarbechten un de Fondatioune fir fënnef nei Wandrieder ofgeschloss. Do bléist de Wand zwar manner staark, wéi op den Éisleker Koppen, awer méi reegelméisseg. Dat bréngt mat sech, datt déi fënnef nei Anlagen am ganze Stroum fir eng 8.000 Stéit oder och ronn 31.000 Persoune produzéiere wäerten. Also fir méi Leit, wéi zum Beispill am ganze Kanton Réimech wunnen.

Laanscht d’Musel lafen den Ament och Etüden, fir e weidere Wandpark mat enger Leeschtung vu 24 Gigawatt Stonn d’Joer, op der Héicht bei Fluessweiler a Wuermer opzeriichten. Am ganze Land sinn den Ament eng 8 weider Soler-Projeten an der Phas vun der Planung.

RTL-News: Wandenergie méi effizient wéi Solar- Zu Lëtzebuerg: Wandrieder dräi Mol méi effizient wéi Sonnepanneauen

Back to Top
CIM LOGO