
E Méindeg den Owend gouf der Police gemellt, datt op der Place de la Gare an der Stad eng E-Trottinette geklaut gouf. Wou d’Beamte probéiert hu mam Affer ze schwätzen, huet sech allerdéngs een onbedeelegte Mineur agemëscht. De Jonken huet ugefaange, d’Beamten unzepöbelen an ze beleidegen.
Nodeems d’Police de Jugendlechen e puermol verwarnt huet, hunn d’Beamte sech schliisslech wéinst sengem aggressiven an alkoholiséierten Zoustand dozou entscheet, hien op de Büro matzehuelen.
Esou ouni Weideres huet de Mineur sech awer net mathuele gelooss. Eng Rei aner Jonker hu probéiert hien ze befreien a misste vun enger zousätzlecher Patrull dovun ofgehale ginn.
Bei enger Kierperduerchsichung hunn d’Beamten e bësse Marihuana beim Jugendleche fonnt. Et gouf ee Protokoll geschriwwen. Hie koum an de Passagearrest, wou hien ausniichtere konnt.
E Méindeg den Owend koum et géint 21 Auer an der Avenue de la Porte-Neuve zu enger Ausernanersetzung, bei där eng Persoun mat engem Messer um Fouss blesséiert gouf. D’Affer gouf nach op der Plaz vun engem Secourist versuergt a koum dunn an d’Klinik. D’Ermëttlunge goufen opgeholl, mee d’Täter konnte bis elo nach net fonnt ginn.
An der Nuecht op e Méindeg gouf der Police een Abroch an eng Imbissbud an der Rue de l’Alzette gemellt, bei deem Gedrénks geklaut gouf. An der Géigend vun der Imbissbud goufen zwee Verdächteger identifizéiert a kontrolléiert ginn.
Am Laf vun der Enquête huet sech de Verdacht du konkretiséiert, datt et sech bei de Verdächtegen ëm déi presuméiert Täter kéint handelen. Och bei hinne gouf bei enger Kierperduerchsichung Haschisch fonnt.