
De Mannerjäregen, deen zanter Januar am Prisong sëtzt, bleift nach e bëssen zu Schraasseg. Um Donneschdeg de Moie gouf dee 17 Joer jonke Mann nämlech um Stater Geriicht zu engem Joer Prisong, d'Hallschent dovu mat Sursis probatoire, condamnéiert. D'Oplo besteet an engem psychologesche Suivi.
De Mineur hat sech wéinst "coups et blessures volontaires", am Zäitraum vu Juli bis November zejoert, géintiwwer Gardienen an dem Responsablë vun Dräibuer ze veräntweren. Eng Partie civile krut doriwwer eraus de Moie 500 € Schuedenersatz zougesprach, Eric Ewald:
Nom Urteelssproch sot d'Me Laura May, Affekotin vum Mannerjäregen, dass si mam jonke Mann kucke géif, ob een Appel mécht géint dat Urteel. Me Laura May:Well eben de Prisong net déi Plaz ass fir hien, sou wéi ech dat ausgedréckt hat wärend menge Plaidoyeren. Fir elo séier eng Decisioun ze huelen, dat kann ech Iech am Moment nach net hei, sur le champ, confirméieren!
D'Me Laura May war allzäit scho mol zefridden doriwwer, dass en Deel vun der Prisongsstrof net fest ass:
Me Laura May: Eng Obligation de soins gesinn ech an deem heite Fall och net verkéiert, soudass ech awer der Meenung sinn, dass d'Riichter do eng gutt Decisioun an där Hisiicht geholl hunn. Elo musse mer eben nach kucken, wéi de Client dann dorop reagéiert a wat d'Suitten da vun deem Dossier sinn!
Am Januar hat d'Justiz e Communiqué erausginn, an deem Rieds war vun der aussergewéinlecher Mesure, fir dee Jonken op Schraasseg ze bréngen. Dës Moossnam wär onëmgänglech gewiescht, well d'Situatioun zu Dräibuer onhaltbar gi wär. An deem Schreiwes vun der Justiz hat et nach geheescht, dass de Mineur zanter 2014 a verschidden Institutiounen am In- an Ausland placéiert gi wär; et hätt awer, trotz enger intensiver Prise en charge, e staarke Réckschrëtt a sengem Verhale ginn an hätt de Jugendlechen ëmmer méi op Gewalt zréckgegraff. Bis eng Institutioun an der Friemt fonnt wär, hätt een d'Iwwerganksléisung Prisong zréckbehalen. Hei am Land géif et keng adaptéiert Struktur fir hie ginn, an d'Sich am Ausland wär och ouni Resultat bliwwen.
Am Prozess virun enger Woch, hat de Jonken dem President vum Geriicht un de Kapp gehäit, dass dee säi Mond hale sollt, sech mam Polizist ugeluecht, dee fir d'Uerdnung am Sall zoustänneg ass, an no enger Zäitche gemengt, hie wéilt zréck a seng Zell. Seng Affekotin hat Aarbechten am Déngscht vun der Allgemengheet gefrot, well de Prisong net déi bescht Plaz fir hire Client wär, wougéint d'Vertriederin vum Parquet eng Strof verlaangt hat, där d'Riichter relativ no komm sinn.