DiddelengJugendlechen a Park zerschloen an iwwerfall, Täter erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Da mellt d'Police nach weider Abréch an Haiser an Appartementshaiser an an ëm d'Stad iwwert d'Feierdeeg.

Um Méindeg géint 16.30 Auer hunn zwee maskéiert Jugendlecher en anere Jonken am Park an der Rue de la Libération zu Diddeleng attackéiert an iwwerfall. Si hunn de Jonken op de Buedem gehäit, hie mat Féiss an de Réck gerannt an him säin Handy geklaut. De jonke Mann gouf dobäi blesséiert a misst am Spidol behandelt ginn.

Ee vun den Ugräifer konnt vum Betraffenen a vun aneren Zeien ageholl a bis zum Antreffe vun der Police festgehale ginn. Duerch d’Ermëttlunge vun der Police konnt och den anere presuméierten Täter identifizéiert a fonnt ginn. Weider gouf eng drëtt Persoun, déi den Iwwerfall ordonéiert soll hunn, identifizéiert. Géint d’Ugräifer gouf eng Plainte gemaach.

Da mellt d’Police nach eng Rei Abréch. Dat ënner anerem en Dënschdeg de Moien zu Pëtten, wéi en Abriecher vum Bewunner vum Haus iwwerrascht gouf. Den Onéierlechen ass doropshi fortgelaf an d’Police gouf alarméiert. D’Patrull, déi um Wee bei d’Haus war, konnt e verdächtege Mann stellen an op Uerder vum Parquet gouf seng Identitéit festgestallt. No den Amtshandlunge vun der Police gouf de Mann nees lafe gelooss.

Onéierlecher waren iwwert d’Feierdeeg an der Stad ënnerwee an haten an Haiser agebrach, wou d’Bewunner iwwert déi Deeg net do waren. Dat ënner anerem an der Rue Ludwig van Beethoven zu Gaasperech, wou divers Wäertgéigestänn geklaut goufen, am Pafendall an der Rue Laurent Menager, wou Sue fortkoumen, an um Belair, wou aus de Kellere vun engem Appartementshaus divers Géigestänn geklaut goufen.

Bei weidere Versich de 26. Dezember um Belair tëscht 9.30 an 13.40 Auer waren an der Areler Strooss an engem Appartementshaus Kelleren opgebrach ginn. D’Täter haten och probéiert, an eng Wunneng ze kommen, wat hinnen awer net gelongen ass.

Back to Top
CIM LOGO