PoliceJugendlecher briechen an Hal an a ginn erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matgedeelt huet, sinn 3 Jonker e Freideg den Owend an eng Hal am Park Housen agebrach.
© RTL Archivbild

De Buergermeeschter hat um 20 Auer bei der Police ugeruff, fir den Abroch ze mellen. Employéen haten déi 3 Jonk erwëscht a festgehalen, vis d'Police op der Plaz war.

Well bei engem Jugendlechen Droge fonnt goufen, hunn d'Beamten de Parquet kontaktéiert, deen eng Perquisitioun ordonéiert huet. Dobäi gouf nach en Doudschléier sécher gestallt. Et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO