PoliceJugendlecher zu Réimech menacéiert a beklaut - Täter gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Direkt dräi Persoune goufe vun zwee Jonken zu Réimech beklaut, ier si vun der Police erwëscht goufen.

An der Rue de l’Europe zu Réimech goufen zwee Jugendlecher vun zwee weidere Jugendlechen beklaut. Déi zwee Täter hunn hir Affer menacéiert an opgefuerdert, hinnen hir Suen ze ginn. Donieft hu si awer och nach eng Jackett a Kopfhörer geklaut a sinn domadder fortgelaf. Op hirer Flucht si nach enger drëtter Persoun begéint, där ee vun den zwee Täter en Elektroscooter a eng Sacoche ofgeholl huet.

Wärend den Ermëttlunge konnten d’Beamten déi zwee Täter, een nom aneren, stellen. De Parquet huet dat, wat si geklaut hunn, saiséieren an den Affer zeréckgi gelooss. Géint béid Täter gouf Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO