
De Robert Scharfe huet d’Bourse 9 Joer laang geleet. D’Julie Becker ass zanter 7 Joer bei der Bourse a gouf vum Verwaltungsrot als nei Generaldirectrice nominéiert.
Wéi de President vum Verwaltungsrot Frank Wagener zitéiert gëtt, ass d’Julie Becker déi kompetent Persoun, fir de Leadership vun der Bourse an der Kontinuitéit vum Robert Scharfe z’iwwerhuelen.
Déi nei CEO iwwerhëlt dann och d’Leedung vum Exekutiv-Comité vun der Bourse, wou 5 Leit siegéieren.
Zanter Enn 2019 war d’Julie Becker ewell Adjointe vum Bourse-Generaldirekter.