
Dee schëllegt der Brauerei Mousel-Diekirch an där hiren Aen de Loyer vun e puer Méint. D'Leit aus dem Café dogéint betounen, dass si op Grond vum Coronavirus net deen Ëmsaz haten an dofir just en Deel vum Loyer wëlle bezuelen. Ënnert dem Stréch geet et ëmmerhin ëm bal 90.000 Euro, déi d'Brasserie de Luxembourg kréie wëll. Déi Zomm setzt sech aus iwwer 56.000 Euro Loyer an engen 33.000 Euro Indemnité de relocation zesummen, dat heescht engem Weiderbezuele vum Loyer, bis et zum Weiderverloune kënnt.
Donieft huet de Me Jean Kauffman, Affekot vun der Brauerei, d'Opléise vum Vertrag wéinst engem Feeler vum Locataire gefuerdert an deem säin Déguerpissement. D'Brasserie de Luxembourg géif de Risque locatif assuméieren an de But vum Vertrag wär et, e Lokal ze verlounen an do den eegene Béier ze verkafen. Dorop géife Sue verdéngt ginn. Dass et dëst Joer bis dato zweemol net zur Exploitatioun vum Café konnt kommen, dofir kéint een, sou de Me Kauffman, net d'Brauerei responsabel maachen. Déi hätt den Abrëll-Loyer nogelooss, hei géif een awer vun am Ganzen 10 Méint schwätzen, dat heescht vum Zäitraum Februar bis Dezember, an deenen de Loyer net bezuelt gi wär. Den 1. Lockdown hätt knapp zwee an en hallwe Mount gedauert, deen aktuelle ronn en hallwen, wat 3 Méint ausmécht, minus den Abrëll-Loyer ass gläich zwee: 10 minus zwee géif 8 Méint maachen, déi de Locataire hannendra wär, soudass ee reagéiere misst.
Dogéint huet de Me Fränk Rollinger, Affekot vum Locataire, ervirgehuewen, dass mam totalen Zoumaachen am Fréijoer an elo, respektiv der tëschenduerch strikt limitéierter Aktivitéit net vill Suen ze verdénge gewiescht wären. An der 1. Phas vum Confinement an elo wär de Café ganz einfach net z'exploitéiere gewiescht. Wat de Loyer ugeet, wär et net de bonne foi an ongerecht, fir dorop z'insistéieren, dat eben an enger Situatioun, an där de Café net konnt exploitéiert ginn. Säi Client hätt acceptéiert, e Loyer ze bezuelen, wann de Café kéint exploitéiert ginn, déi Konditioun wär awer net ginn, soudass de Loyer sollt ugepasst ginn. Dee wär geschëlt, jo, sot de Me Rollinger, mä net integral. Et kéint een zum Beispill de Juni vun dësem Joer mat deem vum leschte Joer vergläichen a proportionell dozou bezuelen an et sollt net zur Opléisung vum Vertrag kommen.
D'Urteel ass fir de 14. Januar.