
D’Stad Lëtzebuerg, Stroossen, Esch-Uelzecht, Hesper, Bartreng, Déifferdeng, Walfer, Mamer a Koplescht: An dëse Proporzgemenge ginn et méi Awunner ouni wéi mat Lëtzebuerger Nationalitéit. Vun dësen 9 Gemengen ass Bartreng déi, an där verhältnisméisseg am meeschten Auslänner fir d’Gemengewale kandidéieren. Dat sinn der 9 vun 52, respektiv 17,3 Prozent. Zu Déifferdeng* an an der Stad Lëtzebuerg läit d’Zuel vun Auslänner op de Lëschte bei knapp 17 Prozent. An der Stad Lëtzebuerg, an där 70 Prozent vun den Awunner net d’Lëtzebuerger Nationalitéit huet, sinn déi Lénk déi Partei mat de meeschten auslännesche Kandidate mat 9 vu 27. D’DP ass déi eenzeg Partei an der Haaptstad, bei där kee Kandidat op der Lëscht ass, deen d’Lëtzebuerger Nationalitéit net huet. Och zu Déifferdeng hunn déi Lénk am meeschte Kandidaten ouni Lëtzebuerger Nationalitéit, mat 5 vun 19, hei hunn déi Gréng kee Kandidat ouni Lëtzebuerger Nationalitéit an déi Konservativ hunn dës Informatioun och op Nofro hin net matgedeelt.
D’CSV an d’DP sinn déi eenzeg Parteien, déi an allen 9 Gemenge Lëschten hunn. Bei der DP sinn op 6 vun deene Lëschte keng Auslänner, bei der CSV op 3. D’LSAP huet an 8 Gemengen eng Lëscht, d’Piraten a 4**, Fokus an d’ADR an 2 an d’Kommunisten an enger, dës Parteien hunn op all Lëscht op d’mannst eng Persoun, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit net huet. Déi Lénk hunn nieft der Stad Lëtzebuerg an Déifferdeng och nach zu Esch eng Lëscht, hei hunn all d’Kandidaten d’Lëtzebuerger Nationalitéit. An der Stad hunn op der Lëscht “Mir d’Vollek” 2 vu 14 Kandidaten net d’Lëtzebuerger Nationalitéit an zu Koplescht ass ee vun 11 Kandidate vun der Biergerlëscht Net-Lëtzebuerger. Zu Koplescht ass den Undeel un Net-Lëtzebuerger iwwerdeems am nidderegste mat 2 vun 33 Kandidaten, respektiv 6 Prozent.
Mol net all fënneften auslännesche Bierger hat sech bis kuerz virum Delai nächste Méindeg ugemellt fir ze wielen. D’Aschreiwunge fir bei de Gemengewale seng Stëmm ofzeginn, louchen den 9 genannte Gemenge bis Enn Mäerz bei tëschent 11,9 Prozent (Stad Lëtzebuerg) an 21,6 Prozent (Mamer). Beim passive Walrecht ass den Taux nach e Stéck méi niddereg a läit deenen Informatiounen, déi mir bis ewell konnte sammelen, no * an der Moyenne bei 13 Prozent.
*Bei dëse Rechnunge goufe just déi 9 Proporzgemenge gekuckt, an deenen d’Net-Lëtzebuerger an der Majoritéit sinn. Eng Rei Parteien hunn a verschiddene Gemenge selwer matgedeelt, wéi eng Nationalitéit hir Kandidaten a Kandidatinnen hunn, déi aner hunn eis dës Informatiounen op Nofro matgedeelt. Eenzeg vun déi Konservativ krute mer bis Redaktiounschluss keng Réckmeldung, sou dass hir Lëscht zu Déifferdeng net konnt mat agerechent ginn.
** An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, d’Piraten hätten an 3 vun dëse Gemengen eng Lëscht.