ChrëschtmettenJust 99 Leit konnten un der Mass an der Kathedral deelhuelen

Christophe Hochard
Bei de Chrëschtmetten a Coronazäiten war alles war anescht ewéi soss déi Joren. Si huet wéinst der Ausgangsspär zum Beispill éischter ugefaangen.
Fir d'Chrëschtmetten a Coronazäiten gouf munches geännert
De Chouer war méi kleng, et ware vill manner Leit an der Mass an déi huet och méi fréi ugefaangen.

De Chouer war méi kleng. Wou soss 40 bis 50 Leit sangen, waren et der en Donneschdeg 10 an op Distanz. Sinn op Helleger Owend d'Metten an normale Jore bis op dee leschte Stull besat, sou konnten déi Kéier 99 Leit un der Mass an der Kathedral deelhuelen. Do dernieft goufen d'Mette gestreamt an um RTL 2 iwwerdroen.

Et war eng feierlech Mass, mat flotter Dekoratioun a Gesang.

Fir d'Ekipp ronderëm den Dirigent Marc Dostert, war et net einfach. Villes huet missen der aktueller Situatioun ugepasst ginn.

Hält den Äerzbëschof d'Mass, ass dëst och ëmmer e besonnesche Moment fir d'Massendénger. Et wär een eng Grëtz méi nervös. Trotzdeem wär et spannend.

De Kardinol ass och op d'Pandemie ze schwätze komm an huet des mat der Nuecht, mat der Däischtert verglach.

90 Minutten hunn d'Chrëschtmette gedauert a wéinst der Ausgangsspär déi um 23 Auer ufänkt, huet d'Mass um 20 Auer ugefaange gehat.

Back to Top
CIM LOGO