
De 25. Februar wëll d’Parteispëtzt vun deene Gréngen dem Kongress eng Resolutioun proposéiert, fir mat engem nationale Spëtzekandidat an d’Chamberwalen am Oktober ze goen. D’Propos krut dës Woch schonn den unanime Feu vert vum Parteivirstand an der Fraktioun.
De grénge Vizepremier François Bausch hat sech e Méindeg de Moie bei eis op der Antenn ëffentlech fir dës Optioun staark gemaach a mat der Justizministesch Sam Tanson och schonn en Numm dropgesat.
Sou wäit si se an der Partei offiziell nach net. De Parteipresident Meris Sehovic huet RTL géintiwwer erkläert, datt Uganks Mäerz déi véier Duebelspëtzten um Niveau vun de Bezierker definéiert solle ginn. Aus deene Leit soll da bis Enn Mäerz een nationale Spëtzekandidat designéiert ginn.
Dem Meris Sehovic no hätt d’Sam Tanson allzäit vill Qualitéite fir national Spëtzekandidatin ze ginn a géif d’Wäerter vun der Partei och gutt verkierperen.
Eng national Spëtzekandidatur ass net an der Traditioun vun der grénger Partei, d’Statute schreiwe just Duebelspëtzte vir. D’Decisioun, fir d’nächst Chamberwalen op dee Wee ze goen, wier just eng Ännerung fir de Walkampf vun dësem Joer, heescht et vun de Gréngen.
De 25. Februar gëtt och de Kaderprogramm fir d’Gemengewalen ugeholl.