CapellenKand op der Héicht vum Schoulcampus vun engem Auto ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, koum et géint 17 Auer zu engem méi uergen Accident an der Areler Strooss zu Capellen.
© Domingos Oliveira / RTL

Aus bis ewell ongekläerter Ursaach ass do e Kand vun engem Auto, dat a Richtung Mamer ënnerwee war, erfaasst a blesséiert ginn. D’Kand koum an d’Spidol.

De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op Uerder vum Parquet geruff. D’Streck war a béid Richtunge gespaart.

Nieft de Pompjeeë vu Mamer a Kielen, war och eng Ambulanz an de Samu am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO