
An der Zolwerstrooss zu Esch krut kuerz no 12 Auer a Bus a Kand ze paken. Ëm dat liicht blesséiert Kand hu sech d’Rettungsekippe vun Esch an dem SaDiff esou wéi de Samu gekëmmert.
E Cyclist an an Auto waren an der Rue Christophe Plantin an der Stad net laanschtenee komm. Déi lokal Rettungsdéngschter hu sech ëm de liicht blesséierte Mann gekëmmert.
Da gouf et nach an der Lëtzebuergerstrooss zu Diddeleng e Brand, wéi d’Fassad aus Holz vun enger Barack Feier gefaangen huet. Déi Diddelenger Ekippe waren am Asaz.