
Der Police no war et dem Chauffer viraussiichtlech net méi méiglech auszewäichen. De Jong ass vum Gefier erfaasst an uerg verwonnt ginn. D’Kand ass an d’Spidol transportéiert ginn.
Da mellt de CGDIS nach, datt um Dënschdeg géint 17 Auer tëscht Schieren an Ettelbréck sech en Auto an e Camion ze pake kruten an zu Rodange ware kuerz no 20 Auer zwee Ween net laanschtenee komm. A béide Fäll blouf et awer beim Materialschued.