Op eise StroossenKand zu Folscht vun engem Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Géint 7.30 en Donneschdeg de Moien ass e Kand an der Rue Principapel zu Folscht vun engem Auto ugestouss ginn.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Den Asazzenter vu Rammerech an d’Ambulanz vu Réiden waren am Asaz.

Eng Stonn méi spéit hate sech dann am Rond-point Iergäertchen zwee Autoen ze pake kritt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Asazzenteren aus der Stad a vun Hesper, grad ewéi d’Ambulanz aus der Stad waren hei op der Plaz.

Iwwerdeems mellt de CGDIS 2 Accidenter zu deenen et am Laf vum Mëttwochowend komm war.

Géint 17.50 Auer hat en Trakter vu Siren e Cyclist ze pake kritt. D’Ambulanz aus der Stad an d’Asazzenteren aus der Stad a Weiler zum Tuer waren op der Plaz.

Kuerz viru 19.00 Auer war e Motocyclist zu Groesteen gefall. Hei waren d’Ambulanz aus der Nordstad an den Asazzenter vu Pëtschent am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO