Vun der Rentrée 2020 u gëtt an der Grondschoul zum Beispill "d'Kodéieren" agefouert. Eng Kompetenz, déi ugangs an d’Fach Mathematik soll integréiert ginn. Anescht, wéi sech déi meescht dat warscheinlech virstellen, wäerten heivir awer keng Computeren oder soss Ecrane benotzt ginn. D’Schüler solle vill méi mat spezielle Materialien op spilleresch a kreativ Aart a Weis léieren, wéi de Mechanismus hannert engem digitalen Apparat funktionéiert, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch.
"Ab der nächster Rentrée wäerte mer am Cycle 4 d’Schüler méi staark op déi digital Welt mam Kodéieren och preparéieren an ab der Rentrée 2021 da kucken, dass mer transversal duerch sämtlech Fächer eigentlech och dat algorithmescht Denken méi staark nach eng Kéier verankeren. Dat soll kandgerecht gemaach ginn. Dat soll dem Kand säi Virwëtz eigentlech mat stimuléieren an notzen, fir dann algorithmesch Prinzippien ze léieren, wéi eigentlech Computerprogrammer duerno am Groussen och kënne geschriwwe ginn, fir d’Basis do ze leeën. Duerno am Secondaire wëlle mer jo och e Fach aféieren "Computer Sciences", fir dann dorobber weider wierklech informatesch Kenntnisser kënnen ze developpéieren."
Fir d’Enseignante géifen entspriechend Informatiounsreuniounen a Weiderbildungen ugebuede ginn, woubäi et schonn eng ganz Rei Pilotklasse géif, an deenen d'Ënnerriichte vum Kodéiere schonn dozou gehéiert. Et géif awer och net eleng duergoen, ze verstoen, wéi e Computer funktionéiert, mä et wier och wichteg, dass déi Jonk kéinte mat de sozialen an digitale Medien ëmgoen, sou nach den Educatiounsminister. An deem Kontext wier de sougenannte "Mediekompass" geschaf ginn, deen e Referenzkader géif bidden, mat flotte Beispiller, wéi Mediekompetenz, op ënnerschiddlech Manéieren an der Schoul kéint gestäerkt ginn.