Vill Leit sinn an Tëschenzäit géint de Coronavirus geimpft, mä wéi héich sinn hir Antikierper?
Eng spannend Fro fir jiddereen, dee bis elo de Vaccin krut an natierlech och fir d'Santé. Si huet dofir decidéiert, vun e Méindeg u d'Kapazitéit vun de serologeschen Tester eropzesetzen. Vun 1.100 Stéck d'Woch op 4.000.
D'Gesondheetsautoritéite wëllen op déi Manéier eng besser Vue op d'Populatioun kréien. Fir déi Vue ze kréien, ass e representativen Echantillon néideg an dofir ginn d'Leit weider invitéiert, genee wéi - bis virun enger Zäit - bei de PCR-Tester. Déi regional Verdeelung an den Alter sinn do zwee wichteg Critèren. D'Santé kritt op déi Manéier eng Indikatioun, wéi vill Leit eng Reaktioun op d'Impfung oder de Virus gewisen hunn.
Déi Tester wäerten och dozou déngen, fir d'Strategie hei am Land festzeleeën, ob eventuell eng 3. Impfung néideg ass, a wann, zu wat fir engem Zäitpunkt, fir wat fir een Impfstoff. Dofir wäerten och spezifesch serologesch Tester an Altersheimer gemaach ginn.
Den Dokter Thomas Dentzer, Virolog an der Direktioun vun der Santé:
"Domadder kënne mer eng Immunitéit ofschätzen an dorëms geet et. D'Leit mussen net panikéieren, wa se näischt hunn oder just wéineg Antikierper hunn a si verléieren déi och iwwert d'Zäit. Eise Kierper ass esou intelligent, datt e just eppes produzéiert, wann en et wierklech brauch, e verschwent keng Energie an dofir gesi mer, datt déi Antikierper no enger gewësser Zäit erofginn. Par konter baut de Kierper eng Memoire op an e ka ganz séier erëm Antikierper, Chemokinen oder Interleukinen produzéieren, fir de Virus ze bekämpfen."
De Kierper ass deemno op de Virus virbereet.
Déi éischt serologesch Tester goufen an dësem Kontext am November zejoert gemaach a bis elo hunn d'Leit och positiv drop reagéiert, wéi d'Santé festgestallt huet.
"Tëschent November a Mäerz hu mer eng 14.000, 15.000 Tester gemaach. Mir lueden ëmmer 2,3 Mol sou vill Leit an, wéi mer Rendez-vousen hunn, an déi gi ganz gutt ugeholl. An Tëschenzäit hu mer d'Tester e bëssen ëmgestallt, et muss ee just nach an de Fanger picken, vu Mee bis Enn Juli hu mer dunn nach eng Kéier eng 14.000 Tester gemaach. Dat heescht mir gesinn, datt dat ganz gutt ugeholl gëtt an d'Leit wëllen natierlech och wëssen, ob se Antikierper hunn, well dat eng Indikatioun ass, fir e gewëssene Schutz ze hunn."
Esou bal een eng Invitatioun fir e serologeschen Test an der Bréifkëscht oder an der Mailbox huet, huet een also d'Méiglechkeet gewuer ze ginn, wéi den eegene Kierper op de Vaccin oder de Virus reagéiert huet. Eng Prozedur, déi net wéi deet an och soss net komplizéiert ass.
"Du hëls e Rendez-vous, du fiers an den Drive-in, du kriss an de Fanger gepickt an da gi puer Drëpsen erausgedréckt, op e Pabeier gemaach, dee gëtt dann am Labo analyséiert an da kritt een d'Resultat."
Et sinn déi selwecht Drive-Innen, wéi déi, an deenen och d'PCR-Tester gemaach ginn. Et muss ee selwer näischt fir den Test bezuelen, de Staat kaschten se ëm déi 20 Euro d'Stéck.
