Stater GemengerotKapitalerhéijung vun der Luxexpo The Box guttgeheescht

RTL Lëtzebuerg
De Stater Gemengerot huet gréng Luucht gi fir eng Kapitalerhéijung vun der Luxexpo The Box.

D'Stad ass nieft der Chambre de Commerce mat 17 Prozent ee vun de groussen Aktionären.

Stater Gemengerot/Reportage Dany Rasqué

D'Kapital gëtt ëm annerhallef Millioun eropgesat, domadder läit d'Participatioun fir d'Gemeng bei ronn enger Véierel Millioun Euro.

D'Oppositioun huet déi Augmentatioun kritiséiert an drun erënnert, datt et eréischt 2015 eng gouf. "Et huet een d'Gefill, datt hei Suen an eppes gepompelt ginn, wat net optimal funktionéiert" esou de François Benoy vun déi Gréng. Hien an och aner Kolleegen aus der Oppositioun vermëssen e kloert Konzept.

D'Luxexpo wéisst net, wou d'Rees géif higoen, sot den Tom Krieps vun der LSAP. Et hätt kee Wäert, un engem Kadaver ze hänken.

D'Majoritéit huet déi Kriticken net gëlle gelooss an ënnerstrach, datt de Schäfferot ganz fest un d'Zukunft vun der Luxexpo gleeft. D'Zuele wieren och schonn erëm de Bierg op gaangen, ier Corona koum.

De Schäffe Patrick Goldschmidt, deen d'Stad nieft dem Serge Wilmes an der Luxexpo S.A. vertrëtt, sot, hie wier iwwerrascht iwwert dat Gedäisch, dat wéinst (knapp) 300.000 Euro géif gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO