
D‘Prozedure wiere strikt, d‘Oploe grouss an aus archeologesche Grënn wier et vun Ufank un e komplizéierte Chantier gewiescht.
Ënner anerem huet missen e grousse Protektiouns-Schierm opwänneg installéiert ginn, heescht et vum Schäfferot:
“Den Entrepreneur huet missen eng riseg voûte-parapluie zéie fir d’Vestigen ze protegéieren. Den éischten Entreprener ass bannent e puer Méint an d’Knéie gaangen.”
Beim zweeten Entreprener wier scho vu méi Budget Rieds gaangen. Och soss wier et wärend der Evolutioun vum Chantier eng ganz Rei nei Erkenntnisser ginn. Stabiliséierungs-Mesurë waren néideg, ënner anerem well de Wëllem um Päerd schwéier wier, sou d‘Simone Beissel. Déi wuel gréisste Roll hunn awer nach aner Facteure gespillt:
“Covid, Retarden op de Chantieren, Ukrain-Krich, Verdeierung vun der Energie a vun der Matière Première.”
De Construktiounsindex wier an de leschten 10 Joer staark eropgaangen. Natierlech géifen et Garantie fir d’Gemeng ginn an d‘Entreprenere misste sech bei all Hausse vun de Käschte rechtfäerdegen, sou d’Vetrieder vum Schäfferot. Den deiere Käschte misst ee jo och entgéinthalen, datt de Knuedler Recettë generéiert, seet d’Simone Beissel.
Deeler vun der Oppositioun haten am leschte Conseil e bësse Bauchwéi, fir den Devis rectifié matzedroen
De Gabriel Boisante vun der LSAP:
“Ech hätt léiwer 2014 55 Millioune budgetiséiert an elo 18 Millioune méi gehat fir de Logement an d’Mobilitéit.”Den Nicolas Back vun deene Gréngen:
“Et gëtt keng Transparenz wéi sech Projeten entwéckelen. Mir hu keng Vue drop: Ass de Projet am Zäitlimit ... am Budget?”Déi Lénk hu mat Nee gestëmmt. D‘Renovatiounsaarbechten am Parking Knuedler sinn nach net ganz ofgeschloss. Et solle méi ewéi 250 Parkplaze bäikommen.