
Nodeems béid Gefierer kollidéiert waren, ass den Auto op den Trottoir geschleidert ginn. Glécklecherweis ass beim Accident awer kee Foussgänger blesséiert ginn, och béid Chauffere sinn net verwonnt ginn.
Géint 7.30 Auer en Dënschdeg de Moie sinn zu Keel an der Téitenger Strooss en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf hei blesséiert, wéi de CGDIS matdeelt.