Parlamentaresch FroKee Lien tëscht Audit vun 2024 beim MENJE an aktueller Immigratiounsaffär

RTL Lëtzebuerg
De Claude Meisch huet schrëftlech op eng parlamentaresch Fro vun der Stéphanie Weydert geäntwert.

Den Audit, deen 2024 am Service fir d‘Unerkennung vun Diplomer gemaach gouf, huet näischt mat der aktueller Enquête wéinst frauduléiser Immigratioun a Korruptioun ze dinn. Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert.

Ausléiser fir den deemolegen internen Audit wier e professionellt Feelverhale vun enger Mataarbechterin gewiescht, där nogewise gouf, datt si an dräi Fäll gefälschten Dokumenter an en Dossier geluecht hat. Déi concernéiert Persoun wier beim Parquet gemellt ginn, an no enger Disziplinarprozedur aus dem Staatsdéngscht entlooss ginn, esou de Minister weider. Op Basis vum Audit wieren dunn déi intern Prozedure vum zoustännege Service iwwerschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO