
Den OGBL wëll bei de Verhandlungen iwwer en neie Gehälteraccord beim Staat e Wiertche matschwätzen a proposéiert scho seng Revendicatiounen.
Et misst eng Punktwäerterhéijung vu 5 Prozent ginn, mee net queesch duerch de Gaart.
Dat soll dem Onofhängege Gewerkschaftsbond no virun allem fir déi méi niddreg Karriären am ëffentlechen Déngscht gëllen. Also eng Hausse op den 200 éischten Indexpunkten, wat engem Gehalt vu 5.000 Euro de Mount entsprécht.
Dem OGBL no missten och d'Punktwäerter vun den Employéeë vum Staat un den Niveau vun de Fonctionnairen ugepasst ginn.