Joresrapport OKAJUKanner mussen endlech méi eescht geholl ginn

Claudia Kollwelter
De Joresrapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist op Basis vun iwwer 1.400 Stëmme vu Kanner a Jugendlechen, datt nach vill Handlungsbedarf beim Schutz an dem Respekt vun de Kannerrechter besteet.

De Rapport gouf e Méindeg de Moien an der Plenière vun der Chamber vum Charel Schmit presentéiert.

D'Ëmfro weist, datt Famill, Frënn an Déieren d'Kanner glécklech maachen. Gläichzäiteg maache si sech awer vill Suergen ëm dat wat op der Welt geschitt, mee och ëm Gewalt a besonnesch d'Schoul. Schouldrock, Mobbing an e Manktem u Sécherheet belaaschte vill Kanner a Jugendlecher.

E weidere wichtege Punkt ass den Adultismus: Kanner ginn dacks wéinst hirem Alter manner eescht geholl an hir Meenung gëtt net genuch berécksiichtegt. Den OKAJU kritiséiert och d'Gewalt an der Erzéiung an déi alarméierend Situatioun vu Mannerjäregen, déi am Erwuesseneprisong ënnerbruecht ginn.

Beim Monitoring vun den éischte 27 betraffene Jugendlechen haten ongeféier 60% wärend hirem Placement kee Kontakt mat engem Jugendriichter. Vill vun hinne wësse net, wéi laang si am Prisong bleiwen oder wéi et duerno mat hinne weidergeet. Besonnesch schwiereg ass d'Situatioun fir d'Meedercher, déi deelweis bal permanent an hirem Zëmmer agespaart sinn. Bei disziplinaresche Strofe kënne Jugendlecher esouguer bis zu 14 Deeg isoléiert ginn. De Charel Schmit huet vun engem onmënschleche Verhale geschwat.

Den OKAJU fuerdert dofir, datt all Jugendlechen, deem seng Fräiheet entzu gëtt, e Riichter gesi muss, datt altersgerecht Prisongsbedéngunge geschaaft ginn an, datt méi Alternativen zum Erwuesseneprisong entstinn. Eng weider Analys soll klären, firwat d'Zuel vun de Placementer esou staark geklommen ass.

Allgemeng Fuerderungen am Rapport si méi Schutz an de Schoulen ze garantéieren, eng gewaltfräi Erzéiung, eng besser Berécksiichtegung vum Wëlle vum Kand a méi Méiglechkeete fir Kanner a Jugendlecher, bei Entscheedunge matzeschwätzen.

Déi zentral Botschaft vum Rapport ass kloer: De Kanner a Jugendlechen hir Stëmm muss gehéiert ginn, an hir Rechter mussen am Alldag konkret ëmgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO