
Seng Liewenspartnerin, seng Schwéiermamm an där hire Liewenspartner waren dowéinst viru knapps engem Joer zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn. Um Méindeg fänkt den Appellprozess un.
All d'Nimm an dësem Reportage vum Michèle Sinner si geännert.
"De Pedro kënnt net méi aus Portugal zeréck", sou hat seng Liewenspartnerin Ana Woche virum Depart an d'Summervakanz gesot. Zesumme mat hirer Mamm Mariana an där hirem Partner Antonio – mat deem och d'Ana eng heemlech Relatioun hat – hate si ronderëm de Stuffendësch zu Lëtzebuerg de Mord um Pedro geplangt. Um Mann, deen dem Ana säi klengt Meedchen Cristina adoptéiert hat a fir hatt wéi e Papp war.
"Poison pour tuer les personnes" an "poison qui ne laisse aucune trace" hat den Antonio an d'Sichmaschinn aginn. Hir Cousine a Portugal hat d'Ana schonn en halleft Joer virun der Vakanz gefrot, fir en "Insecticide contre le Scarabée", also Kartoffelkäfergëft, ze kafen. Mat deem Gëft hat en Noper a Portugal sech ëmbruecht.
D'Ugekloten hate sech wärend dem éischte Prozess alleguer géigesäiteg d'Schold ginn. Just dem Ana säin erwuessene Jong, deen och ugeklot war, awer fräigesprach gouf, hunn d'Elteren a Grousselteren net belaascht. Jidderee vun hinnen huet eng aner Versioun dovun erzielt, wat den Owend vum Mord geschitt war. Den Antonio huet sengen zwou Amante d'Schold ginn. Déi hu sech géigesäiteg respektiv dem Antonio d'Schold ginn.
De verschiddenen Aussoe no sollt et dräi verschidden Tentative ginn hunn, fir de Pedro ëmzebréngen, andeems him eppes an d'Gedrénks gemëscht gouf. Eng Kéier Schwiefelsaier, eng Kéier Rategëft an zum Schluss d'Gëft géint de Kartoffelkäfer, dat d'Mariana den Dag virum Mord zesumme mat der Cousine an enger Zort portugisescher Apdikt kaf hat.
D'Ana hat dem Pedro op der Terrass eng Bestietnespropos gemaach. Doropshin haten déi Zwee ugestouss – de Pedro mat engem vergëfte Patt. An der Nuecht war him schlecht ginn. Wie vun deenen dräi dobäi gehollef hat, hien ewechzebréngen an zu Figueira da Foz an de Floss ze geheien, och doriwwer waren d'Aussoen ausernee gaangen. Ma dem Autopsierapport no huet de Pedro zu deem Zäitpunkt nach gelieft.
Als Motiv hat d'Enquête Geldgier erginn. D'Ana war dovun ausgaangen, datt si eng méi grouss Zomm aus dem Pedro senger Liewensversécherung géif kréien. D'Enquêteuren haten Telefonsgespréicher tëscht hir an hirer Mamm ofgelauschtert, an deenen déi zwou Fraen driwwer geschwat haten, wéi d'Suen opgedeelt géife ginn: "D'Hallschent fir dech, d'Hallschent fir mech."
Datt d'Ana, d'Mariana an den Antonio hei zu Lëtzebuerg fir de Mord a Portugal ugeklot a verurteelt goufen, ass dorop zeréckzeféieren, datt si de Mord hei zu Lëtzebuerg geplangt haten an domat hei am Land eng "Association de malfaiteurs" gegrënnt haten.