
Wéi d'Stad Lëtzebuerg matdeelt, wäert de Lift, dee vun der Stad an de Gronn an ëmgedréint féiert, zwee Deeg laang bal komplett zou bleiwen. Wéinst enger technescher Interventioun ass de Lift deemno vum 17. bis den 19. November tëscht 8 an 18 Auer zou.
Vu 6:30 bis 8 a vun 18 bis 2 Auer fiert de Lift déi Deeg awer wéi gewinnt.
Wärend der Fermeture vum Lift wäert eng Navette tëscht dem Gronn an dem Helleg-Geescht-Plateau zirkuléieren. Méi genee vum Busarrêt Stadgronn Bréck bis op e provisoreschen Arrêt nieft dem Lift. D'Navette wäert tëscht 8 an 18 Auer an engem 7,5-Minutten-Takt fueren.
