Dës Mesure war wärend der Pandemie agefouert ginn, fir de Flux vun de Leit besser kënnen ze geréieren. D'Parkplazen direkt beim Séi ginn da méi deier a kaschten dann 3 Euro d'Stonn. Awunner aus der Gemeng kënne gratis parken a Fëscher an Daucher kréien eng Kaart fir 75 Euro pro Saison.
Allgemeng ass et den Appell, op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen oder déi grouss Opfänk-Parkingen ze notzen.
Méi Informatioune fannt Dir um Site vu Visit Luxembourg.