Nei Navette bis am SeptemberSchonn 2.200 Reservatioune fir de Stauséi

RTL Lëtzebuerg
De Summer ass zu Lëtzebuerg ukomm an dat zitt eng jett Leit op d'Plagen.
Nei Restriktiounen
Schonn 2.200 Reservatioune fir de Stauséi

Zanter dem Deconfinement haten d’Plagë ronderëm de Stauséi extremen Undrang, wat och zu ville Problemer gefouert huet. D’Gestes barrières, déi net agehale goufen, Dreck, dee leie gelooss gouf, an nach villes méi. Dofir hunn déi Responsabel vun de Gemenge ronderëm de Stauséi decidéiert, datt Plaze musse reservéiert ginn.

Zanter e Mëttwoch kënnen d’Leit hir Plaz um Stauséi reservéieren. Fir dëse Weekend solle schonn eng 2.200 Reservatiounen erakomm sinn. Pro Dag kënne bis zu 5.000 Reservatioune fir eng Plaz op enger vun de 6 Plagë ronderëm de Stauséi gemaach ginn. D’Reservatioune sinn nëmme Weekends néideg, esou d’Decisioun vun den 3 Gemengen, déi sech fir hir Moossnamen un d’Recommandatioune vun der Santé halen.

Mat deenen neie Restriktioune wier et awer nach net gedoen, seet de Marco Schank. Um gréisste Waasserreservoir vum Land géife Waasserschutz an Naturschutz heiansdo mat Fräizäit kollidéieren. “Dat muss awer net sinn, wann d’Leit sech sou behuelen, wéi et néideg wier,” esou den CSV-Buergermeeschter vun Esch-Sauer, “et geet nëmmen, wa jiddereen elo e ganze Grapp voll Eegeverantwortung matbréngt”.

Et fiert och eng RGTR-Navette bis den 13. September vu méindes bis sonndes.

PDF Kaart

Back to Top
CIM LOGO