3,2 Milliarden Euro wéinst der Pandemie, bal 1 Milliard Euro wéinst de Konsequenze vum russesche Krich an der Ukrain: déi rezent Krisen hu grouss Lächer an der Staatskeess hannerlooss. D’DP ass nach ëmmer dofir, datt bei de Steiere keen Ënnerscheed gemaach gëtt, ob ee bestuet ass oder net, ma dat géing 1,8 Milliarden Euro d’Joer kaschten an dat wier no Pandemie an Ukrain-Krich net dran. Dat sot de liberale Fraktiounschef Gilles Baum e Méindeg de Mëtteg virun der Press.
“Mir bleiwen der Meenung, datt et dem Staat muss egal sinn, wéi d’Mënschen hei am Land zesummeliewen. Dofir wëlle mir en neutrale Steiersystem, dee kee Familljemodell par Rapport zu engem anere bevirdeelegt oder benodeelegt. Als DP gesi mir allerdéngs an, dass mer duerch déi finanziell Contrainten, déi mer an dëser Legislatioun haten, dat do zu dësem Moment net méi kënnen ëmsetzen. D’Prioritéite vun de leschte Jore louchen ebe ganz einfach op anere Saachen. An et ass och en Zeeche vu responsabeler Politik, wann ee seet: dat do ass am Moment einfach net méiglech.”
D’DP wier awer oppe fir punktuell Adaptatiounen, fir zum Beispill den Elengerzéier entgéint ze kommen. De Gilles Baum huet dobäi awer op d’Chamber-Plénière en Donneschdeg verwisen. Do steet eng grouss Debatt iwwert de Steiersystem um Ordre du jour.
Et wier net ze verstoen, datt et nach ëmmer keen Accord tëschent der Gesondheetskeess an der Federatioun vun de Psychotherapeute gëtt, esou de Gilles Baum. Nieft der mentaler Gesondheet huet den DP-Fraktiounspresident och fir méi eng breet Offer baussent de Spideeler plädéiert.
“D’Gesondheet vun de Leit an den Accès zu de Soine muss erëm an de Mëttelpunkt réckelen. Eng Fermeture vun enger Maternité oder en Hin an Hier wéinst engem IRM-Zenter kënne mer eis an Zukunft net méi leeschten. Eise Gesondheetssystem muss erëm attraktiv gi fir gutt an héich qualifizéiert Personal unzezéien. Nëmmen esou kënne mir den Accès zu enger héichqualitativer Medezin garantéieren.”
Iwwert d’Corona-Impfflicht, déi d’Regierung fir den Ament emol op Äis geluecht huet an déi dës Woch nach eemol an der Chamber debattéiert gëtt, goung net rieds. De Gilles Baum huet awer den Impakt vun der Covid-Kris an natierlech och vum Ukrain-Krich op d’Staatsfinanzen ervirgestrach.
“D’Pandemie eleng huet e Lach vu ronn 3,2 Milliarden Euro an d’Staatskeess gerass, an d’Auswierkunge vun der Tripartite a vum Energiedësch, déi wäerten och dëst Joer mat enger gudder Milliard zu Buch schloen. Da schwätze mer nach net vun eventuelle Recetten, déi an Zukunft kéinten ewechbriechen.”
Duerch de russesche Krich an der Ukrain wier awer och nees d’Energiepolitik ganz aktuell ginn. De Gilles Baum huet kritiséiert, datt d’Europaparlament de Gas, awer och d’Atomkraaft als nohalteg agestuuft huet. Déi eenzeg Léisung wier e massiven Ausbau vun erneierbaren Energien, souwuel, wat d’Onofhängegkeet vu Russland ugeet, wéi och de Klimaschutz.
“Mir brauchen dofir de gréisstméigleche Konsens an der Gesellschaft: Klimapolitik mécht een net iwwert de Kapp vun de Leit ewech an och net laanscht d’Leit. Et mécht ee se zesumme mat de Leit. Dat geschitt zum Beispill am Klimabiergerrot an do wäerte mer am Oktober och eng Debatt an der Chamber féieren iwwert d’Conclusioune vum Klimabiergerrot.”
Wichteg Projete fir d’nächst Chamberjoer wiere fir d’DP iwwerdeems de Jugendschutz an d’Jugendstrofrecht an d’Reform vun der Grondsteier.