Fichier central„Kee Widdersproch“ an de parlamentareschen Äntwerten, sou Braz a Bausch

François Aulner
D’Äntwerte vun de Ministeren hätten Explikatiounen iwwert d’Gesetzer a Reglementer ginn, déi z'explizéiere sinn.

Am Géigesaz zur CSV gesinn de Felix Braz a François Bausch kee Widdersproch an hiren Äntwerten op parlamentaresch Froen zu den Datebanke vu Police a Justiz. Dat schreiwen déi zwee gréng Ministere fir Justiz a Police an hirer Äntwert op eng weider parlamentaresch Fro vun der CSV. Eng Äntwert, déi zoufälleg zäitgläich mam Zirkus an der Chamber an de Redaktiounen ukomm ass.

D’CSV-Deputéiert Laurent Mosar a Gilles Roth wollten an enger weiderer Fro un d’Ministeren op ee Widdersproch hiweisen: nämlech deen, datt am Ufank gesot gouf, datt just Offizéier an Agente vun der Police judiciaire Zougank op de sougenannte „Fichier Central“ hätten. An enger zweeter Äntwert soten d’Ministeren awer och, datt de Geheimdéngscht, de Srel, och Zougank hätt. Allerdéngs just fir op Donnéeë vun "gesichten" a "signaléierten" Persounen.

De Felix Braz an de François Bausch gesinn do wéi gesot „guer kee“ Widdersproch. D’Äntwerte vun de Ministeren hätten Explikatiounen iwwert d’Gesetzer a Reglementer ginn, déi z'explizéiere sinn.

Am Schluss vun hirer Äntwert schreiwen d’Ministeren dann iwwregens, datt net ka Rieds goe vu „Fichen“ vu Leit. D’Applikatioun „Fichier central“, eng informatesch Software also, géing just Zougank ginn op eng informatiséiert Versioun vun engem Procès verbal oder Rapport, deen un de Parquet weidergeleet gi wier. Dat op Basis vum Numm vun der, oder vun de Persounen, déi wéinst enger Infraktioun verdächtegt ginn. „En tout état de cause“ géing d’Äntwert op eng Recherche keng Fiche generéieren.

Äntwert op déi entspriechend parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO