Pandemie-KommunikatiounKeen Accord tëscht Regierung an RTL

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert de Staatsministère op eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup.

Et gëtt kee mëndlechen Accord tëschent Ministeren oder héije Beamten aus dem Staatsministère an RTL iwwer d'Aart a Weis, wéi iwwert Pandemie kommunizéiert gëtt.

Den ADR-Deputéierten hat vun der Internetsäit vun engem Ex-Chefredakter vun RTL Radio zitéiert. Deen hat geschriwwen, de Chef de cabinet am Staatsministère hätt e mëndlechen Accord ausgehandelt, datt RTL prioritär Informatiounen iwwert de Verlaf vun der Pandemie géing kréien, wann d'Linn vun der Regierung géing agehale ginn.

Dat stëmmt, wéi de Staatsministère a senger Äntwert schreift, net.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Fred Keup

Back to Top
CIM LOGO