Heescheverbuet zu Ettelbréck"Keen neie Moment an der Gemeng"

Diana Hoffmann
D'lescht Woch huet d'Inneministesch Taina Bofferding gesot, dass d'Aféierung vun engem Heescheverbuet an der Haaptstad juristesch net haltbar wier.
© RTL Archiv

An 3 Gemenge vum Land ass awer e partiellt Heescheverbuert a Kraaft. Nämlech zu Diddeleng, Dikrech an Ettelbréck. Esou Gemenge missten d’Verbuet nees ophiewen, huet d’Ministesch Taina Bofferding d’lescht Woch betount. Dorop ugeschwat, wéi d’partiellt Heescheverbuet dann elo a senger Gemeng gereegelt wier, sot den Ettelbrécker CSV-Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf: “Bei eis an der Gemeng gëtt et am Prinzip elo keen neie Moment”. Et wier ee bis elo och weder vum Inneministère, nach vun der zoustänneger Ministesch kontaktéiert ginn.

Deb Ettelbrécker CSV-Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf

Deemno wier e geneemegt Reglement a Kraaft, wat géing d’Heeschen ëm verschidden Auerzäiten an op bestëmmten zentrale Plazen am Summer limitéieren. Dëst Verbuet géing et an der Gemeng schonn zanter Jore ginn. “Et entsprécht enger gefillten Noutwendegkeet, fir drop opmierksam ze maachen, dass dee klenge stättesche Geschäftsraum, dee mer hunn, riskéiert zum Suergekand ze ginn”, sou de Buergermeeschter. Besonnesch d’Geschäftsleit hätte sech beschwéiert gehat, well hier Entréeën dacks blockéiert gewiescht wieren.

Dem Jean-Paul Schaaf no huet sech d’Mesure vun engem partielle Verbuet als wäertvoll a sënnvoll erausgestallt. Weder d’Pecherten, nach d’Leit vun der Police géingen awer sanktionéieren, wann ee sech net un d’Verbuet hält. Ma si géinge just d’Leit drop opmierksam maachen, dass Heeschen net erlaabt wier, an hinne weisen, dass et Hëllefsstelle fir si gëtt.

“Et kann net d’Sozialpolitik vun dësem Joerhonnert sinn, fir de Leit, déi keng Moyenen hunn ze soen: Sëtz dech wannechgelift op d’Knéien op den Trottoir viru mech, a wann ech da Loscht hunn, da leeën ech der en Euro an d’Dëppchen”, sou de Buergermeeschter mat Verweis, dass dat seng perséinlech Meenung dozou wier. Dat wier net Sozialpolitik, wéi ee se haut sollt féieren. Dat wier Mëttelalter. Et kéint net d’Léisung sinn an do misst een no anere Méiglechkeete sichen.

Back to Top
CIM LOGO