Stater GeriichtKeen Urteel gesprach bei Affär vu méiglecher Brandstëftung

RTL Lëtzebuerg
Am Fall vu méiglecher Brandstëftung, soll eng Assurance nach d'Méiglechkeet kréien, fir eventuell eng Partie civile ze constituéieren.
© RTL-Archiv

Dowéinst gouf en Dënschdeg de Moien um Stater Geriicht keen Urteel geschwat. De 25. Februar soll et virugoen. De Vertrieder vum Parquet hat de leschte Mount 5 Joer Prisong fir e Mann gefrot, dee sech wéinst zwee Fäll, am Mäerz/Abrëll 2018 zu Esch ze veräntweren hat.

De Beschëllegte soll fir d'éischt nuets e Moto ugefaangen hunn, deen nieft enger Residence stoung. D'Flamen haten op d'Isolatioun vun der Fassad iwwergegraff, soudass déi 10 Leit aus dem Appartementshaus hate missen evakuéiert ginn. Den Ugeklote soll dunn nach an der Nuecht drop nobäi en Auto a Brand gestach hunn.

Back to Top
CIM LOGO