Äntwert op parlamentaresch Fro vun der ADRKeng Enkpäss bei Touristen-Zëmmere wéinst Flüchtlingen

RTL Lëtzebuerg
Och wann aktuell a 5 Hoteller am Land Leit wunnen, déi international Protektioun ugefrot hunn, féiert dëst net zu Enkpäss fir Touristen-Zëmmeren.
© RTL Archiv

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet sech gefrot, op duerch den Accueil vu Flüchtlingen an Hotellen net a priori géif d’global Zuel vun Hotelszëmmeren erofgoen.

Dëst schéngt net sou ze sinn, soen d’Ministeren Asselborn an Delles an hirer Äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro, well bannent dem leschte Joerzéngt d’Zuel vun Hotelszëmmeren nëmmen ëm 200 Unitéiten op ronn 7.700 Stéck erofgaangen ass.

Wéi vill Refugiésfamilljen an de 5 Hotelsstrukturen aktuell liewen, geet net aus der Äntwert vun de Ministeren ervir.

Hei déi entspriechent Äntwert op déi parlamentaresch Fro vun der ADR!

Back to Top
CIM LOGO