
Dat ass awer nach wäit ënnert der maximaler Capacitéit, déi bei 400 Prisonéier läit. Parallel sinn awer och nach ëmmer eng 50 Fraen a Männer zu Schraasseg an Untersuchungshaft.
Bis ewell hunn d’Untersuchungsriichter nach net dervu gebrauch gemaach, fir eng Persoun, déi an Untersuchungshaft ass, mat enger Foussfessel iwwerwaachen ze loossen. Firwat net op deen Artikel vum Code de procedure pénale zeréckgegraff gëtt, kann d’Justizministesch net soen, well dës Decisioun exklusiv vun de Justizautoritéite muss geholl ginn.
Aner alternativ Methoden zu der Untersuchungshaft sinn e Kontaktverbuet, d’Verbuet, d’Land ze verloossen, oder och en Traitement unzefänken a sech bei der Police ze presentéieren.
Dës Prezisioun gëtt déi Gréng Ministesch Sam Tanson op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum CSV-Trio Mosar, Gloden a Roth iwwer de Bracelet électronique.