
D’Parteien hunn hir Finanzen 2022 gréisstendeels sou geréiert, wéi d’Reegelen dat virgesinn. Der Cour des comptes si bei hirer Evaluatioun keng gréisser Onreegelméissegkeete opgefall. Dat war d’Conclusioun no der Reunioun vun der zoustänneger Chamberkommissioun. Verschidde Froe missten awer gekläert ginn.
De Rechnungshaff huet nëmme kleng Feeler festgestallt, gëtt awer eng Recommandatioun mat op de Wee. Wann zum Beispill d’Partei an d’Fraktioun zesumme Saache finanzéieren, misst dat kloer opgedeelt sinn, am Beschte mat enger Konventioun, esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, President vun der Budgetskontrollkommissioun.
“Haaptsächlech d’Parteie sinn do gefuerdert, fir do wa méiglech och eng gemeinsam Approche ze fannen, wéi dat geschitt. Well et ass kloer, dass d’Parteien an d’Fraktioune jo eng Partie Saachen zesumme maachen, zum Beispill Publikatiounen awer och Veranstaltungen, och Campagnen, déi zum Deel zesumme gemaach ginn. An do muss et dann esou sinn, dass dat propper opgedeelt gëtt en fonction vun de Leeschtunge vun deenen engen an deenen aneren.”
Da misst och gekläert ginn, wéi Sachleeschtungen an Zukunft evaluéiert a comptabiliséiert ginn.
An den Ae vum Pirat Sven Clement misst d’Parteifinanzéierungsgesetz komplett iwwerschafft ginn. De Problem wier de Statut vun de Parteien.
“Aner Länner hunn et virgemaach, dunn e Gesetz, wat eng Partei ass, duerch de Statut juridique. An deementspriechend kann een dann och soen, dat doten ass eng Partei, dat doten ass keng. Haut ka jiddwereen, wann ee sech zu dräi zesummendeet an eng Association de fait grënnt, [eng Partei grënnen]. An och dat ass, mengen ech, net méi zäitgeméiss. Mir brauchen e System, wou ee seet: ‘Okay, wat sinn d’Krittären, fir och da vun de Beneficer vun där Statuspartei ze kënnen ze profitéieren?’”
Och d’CSV-Deputéiert a Vizepresidentin vun der Budgetskontrollkommissioun Stéphanie Weydert gesäit Verbesserungspotential.
“Als Juristin soen ech ganz kloer, dass et schued ass, dass eng politesch Partei kee Statut juridique huet, ausser déi, déi sech als ASBL grënnen, well et do awer relativ kloer ass. Mä ech denken, et kann een et ëmmer eng Kéier sech ukucken, ob een d’Parteifinanzéierungsgesetz och op deem Punkt op de Leescht hëlt an och op anere Punkten. Ech denken, dass e Gesetz ni a Stee gemeesselt ass an dass een do ëmmer soll d’Méiglechkeet schafen, fir Nobesserung ze maachen.”
De Staat huet 2022 knapp 3,7 Milliounen Euro fir d’Parteidotatiounen ausginn, fir déi eenzel Parteie louch de Montant tëschent ronn 884.000 Euro (CSV) an 243.000 Euro (déi Lénk). Bei där nächster Evaluatioun vum Rechnungshaff wäert iwwerdeems nach d’Partei Fokus dobäi sinn, déi bei de leschte Walen an alle Bezierker mat komplette Lëschten ugetrueden ass a méi wéi zwee Prozent vun de Stëmme krut.