Mir fänken u mam Danielle Filbig vun der LSAP.
Zanter Ufank des Joers engagéiert si sech politesch a war am Juni mat an de Gemengewalen, an deene si och an hirer Heemecht Rammerech gewielt gouf. Si setzt sech elo am Norde fir d’LSAP op. D’Lea Schwartz huet si um Stauséi getraff, op deem si vill Zäit verbréngt.
Numm: Danielle FILBIG
Alter: 25 Joer
Partei: LSAP
Gemeng: Rammerech
Bezierk: Norden
Beruff: Grad fäerdeg mam Studium (Bachelor an der Science Politique, Master an Relations Internationales)
Politesch Funktiounen: Gemengeconseillère
Hobbyen: Stand-up Paddle, Kayak, Basket, Crossfit a lafen
“Ech maache Politik, well ech wëll gäre matdiskutéieren, wat ronderëm mech geschitt.”
LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen
All d’Episode vu Kuerz a Knapp op RTL Play