
De Covid-19-Rapport vun der Santé vum 8. Dezember gouf dann och nodréiglech vun hirem Site geholl. Als Grond huet een hei en technesche Problem uginn an och annoncéiert, datt och den 9. Dezember kee Rapport journalier vun der Santé wäert kommen. A genee sou war et och, sou dass et um Mëttwoch fir déi éischte Kéier keng Zuele vun der Santé iwwert d'Covid-19-Infektioune gouf. Um Briefing vum Xavier Bettel a Paulette Lenert gouf nach eemol erkläert, dass et sech ëm en informatesche Problem am System gehandelt huet.
Wéinst dem Feeler waren d'Zuele vun de Leit, déi positiv op de Virus getest goufen, net koherent. D'Santé hat gemellt, datt vun 9.116 Tester der 388 positiv waren an et am Total bis ewell 39.511 Leit positiv getest goufen.
Et hätt een schonn en Dënschdeg Demarchen an d'Weeër geleet, fir de Problem ze behiewen. D'Rapporte ginn nogereecht, esoubal de Problem behuewen ass.
Erreur dans les statistiques publiées dans le rapport journalier du 8 décembre (09.12.2020) | |
| |
Le ministère de la Santé tient à informer que des problèmes techniques sont survenus lors de la production du rapport journalier du 8 décembre, ce qui a généré des incohérences au niveau du nombre total des tests et des personnes testées positives. Face à ce constat, le rapport journalier du 8 décembre a été enlevé du site Open Data. Les démarches requises pour remédier au problème sont actuellement en cours. Pour ces mêmes raisons, le rapport journalier du 9 décembre ne sera pas non plus publié. Les rapports journaliers concernés seront mis en ligne dès que les problèmes auront été résolus. Les équipes du Monitoring travaillent quotidiennement à l’amélioration des données afin de rendre des informations de qualité accessibles au grand public. |