
De fréiere Vizepremier ass iwwerdeems ganz streng mat der CSV: hie freet, wou et da Schnëttstelle géing tëscht LSAP an CSV ginn? De Claude Wiseler hätt de Konsens géint d’Privatiséierung vun der Santé gebrach. Mam Luc Frieden als Spëtzekandidat wier et schwiereg, sech a Steierfroen eens mat der CSV ze ginn. Ofgesinn dovunner, datt den CSV-Spëtzekandidat d’Klimakris a Fro stellt an d’Staatsschold op ënner 20% vum PIB wëll hunn, sou d’Kritik vum LSAP-Deputéierten Dan Kersch.