
Zu Miersch geet d’CSV ouni Spëtzekandidat an d’Walen: mat op der Lëscht ass den aktuelle Schäffe Michel Reiland grad wéi d’Conseilleren Romain Miny an Abby Toussaint.
D’aktuell CSV-Conseillère Christiane Haubrich-Schandeler geet net méi mat an d’Walen.
Op der Mierscher CSV Lëscht si 5 Fraen an 10 Männer - d’Moyenne vun den Altere läit bei 47 Joer. 8 Kandidate stelle sech eng éischte Kieler de Wieler.
Zu Miersch ass d’CSV mat der DP an enger Koalitioun, fir zesummen 9 Conseilleren ze stellen.