2 Persoune protokolléiertKeng valabel Pabeieren, Bäifuererin ënner Drogenafloss a Besëtz vu Falschgeld

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, goufen e Mëttwoch den Owend 2 Persounen am Garer Quartier kontrolléiert, bei deenen nawell vill net reng war.
© RTL Archivbild

Géint 15 Auer ass enger Patrull vun der Douane en Auto opgefall. Bei der Kontroll, wou och d'Police mat dobäi war, konnt de Chauffer weder valabel Pabeiere vum Auto virweisen, nach e Permis. Donieft gouf festgestallt, dass d'Bäifuererin ënner Drogenafloss stoung. Fir eng weider Kontroll, koumen d'Hënn vun der Douane als  Verstäerkung an den Asaz.

Bei der Perquisitioun vum Won goufen Drogen-Accessoiren an eng gréisser Zomm Falschgeld entdeckt.

Op Uerder vum Parquet gouf den Auto sécher gestallt a béid Persoune kruten e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO