10 nei PetitiounenKeng Vëloen op Landstroossen an ee Bancomat pro Gemeng

RTL Lëtzebuerg
Zanter dësem Dënschdeg sinn 10 Petitiounen online, déi bis de 24. Abrëll op d'mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse kréien, fir ëffentlech debattéiert ze ginn.

Gefuerdert gëtt vun de Petitionären ënnert anerem e Vëlo-Verbuet op de Landstroossen, oder dass keng Waffe méi an d’Ukrain däerfe geschéckt ginn.

En anere Petitionär fuerdert pro Gemeng op d’mannst ee Bancomat, dee 24 Stonnen op 24 muss accessibel sinn a wou een och ka Suen abezuelen.

Liewensmëttel, wou Insekten dra verschafft goufen, solle kloer a siichtbar gekennzeechent sinn.

Weider ass et dann nach d’Fuerderung, dass d’Geldstrofen, wann een ze séier mam Auto fiert, gestaffelt solle ginn, jee nodeem wéi vill een ze séier war, fir dass een zum Beispill just 20 Euro misst bezuelen, wann een 1 km/h iwwert der erlaabter Limitt war.

Den Detail fënnt een um Site petitions.lu.

Back to Top
CIM LOGO