No Incident mat Bomm zu KäerjengKeng Verhaftung, keng Internéierung

RTL Lëtzebuerg
Et koum en Donneschdeg weder zu enger Verhaftung nach zu enger Internéierung zu Käerjeng, preziséiert de Parquet op Nofro hin.
© Domingos Oliveira

Eng Partie Wunnenge waren zu Käerjeng am Kader vun enger penaler Enquête duerchsicht ginn. Aus Sécherheetsgrënn war och d’Spezialunitéit vun der Police op der Plaz. An der Wunneng vun engem jonke Mann waren illegal Waffen a Sprengstoff vermutt ginn.

Eng selwer gebastelt Bomm ass och fonnt ginn. Déi konnt vum Service déminage gesprengt ginn.

Well déi Persoun e “begrenzten” casier judiciaire hätt ,wär si net verhaft ginn. Et wär och net zu enger Internéierung komm.

Am Januar dëst Joer war et op der selwechter Adress schonns zu engem Asaz komm. Deemools wéinst engem potentiellen Suicideversuch.

De Parquet preziséiert, dass de presuméierte “Bomme-Bauer” am Januar allerdéngs net bedeelegt war.

Et bestéing kee Verdacht op en terroristeschen Hannergrond an de presuméierten Täter wär de Justizautoritéiten bis elo net weider bekannt.

Policeasaz: Selwer gebastelt Bomm zu Käerjeng fonnt - si gouf kontrolléiert gesprengt (2.3.23)

Back to Top
CIM LOGO