Parlamentaresch FroKeng Verstéiss géint Corona-Mesuren op Black Friday gemellt

Fanny Kinsch
De Marc Goergen hat e staarken Undrang wärend der Black-Friday-Aktioun Enn November, bei där vill Produite staark reduzéiert verkaf goufen, festgestallt.
© AFP

Wärend dem Black Friday goufe keng Protokoller wéinst Verstéiss géint déi sanitär Mesuren an de Grandes surfacen ausgestallt. Et goufen der Police och keng Tëschefäll gemellt. Dat äntweren d'Ministere Bettel, Kox, Lenert an Delles op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierten.

QP iwwer Black Friday / Reportage Fanny Kinsch

Iwwerdeems bezitt de Marc Goergen sech op Temoignagen, déi him zougedroe goufen an déi a sengen Aen op e sanitäre Risiko hindeiten. Op d'Fro, wéi een Impakt de Black Friday op de Verlaf vun der Pandemie hat, kënnen d'Ministeren net äntweren. Ugangs Dezember wieren d'Infektiounen op engem héijen Niveau bliwwen, ob dat en Zesummenhang mat der Aktioun hätt, kéint een net soen.

Wärend dem Black-Friday-Weekend huet d'Police 50 Kontrolle gemaach, déi net mam Couvre-Feu zesummen houngen. Wéi vill dovunner a Butteker oder Shopping Center waren, wéisst een allerdéngs net. Déi 4 Deeg virum Black Friday goufen 90 Kontrolle gemaach, déi näischt mat der Ausgangsspär ze dinn haten, ma och hei wéisst een net, wéi eng Roll Geschäfter gespillt hunn.

D'Ministere fir Police, Gesondheet, Mëttelstand an de Staatsminister maachen an hirer Äntwert drop opmierksam, datt et zum Zäitpunkt vum Black Friday ewell eng Rei Reegele gouf, déi sech op d'Grandes surfacë bezunn hunn, an dass et mëttlerweil iwwerdeems verbuede gouf, an de Shopping Center z'iessen. Och an de Galerië wieren déi Responsabel elo gehalen, sécher ze stellen, dass d'Leit sech beweegen an et net zu laange Waardeschlaange kënnt. De Marc Goergen hat a senger parlamentarescher Fro op dës 2 Problemer higewisen. Op d'Fro vum Pirat, firwat Akafszenter opbliwwe sinn, wärend Kinoen an Theateren zougemaach goufen, ginn d'Ministeren net an.

De Marc Goergen wollt iwwerdeems vun de Ministere Bettel, Kox, Lenert an Delles wëssen, ob eventuell Regierungsmember en Interessekonflikt hätten, well si selwer oder Bekannter Aktivitéiten hätten am Beräich, deen als net-essentiell definéiert gouf, a wa jo, ob si sech bei deementspriechenden Decisiounen enthalen hunn.

D'Regierungsmember verweisen hei op den Deontologieskodex an zitéieren: "Il n'y a pas de conflit d'intérêts lorsque le membre du Gouvernement tire un avantage du seul fait d'appartenir à la population dans son ensemble ou à une large catégorie de personnes." Dat zweet wier hei de Fall, deemno wier net vun engem Interessekonflikt ze schwätzen.

Back to Top
CIM LOGO