Dat wärend d’Minoritéit vun de réimesch kathouleschen Ukrainer aner Problemer kennt an aner Weeër wëllt goen.
Et ass fir d’fënneft, dass de Père Yuriy an der Bouneweger Krypta eng réimesch-kathoulesch Mass fir d’Ukrainer zelebréiert. Duerch Zoufall oder vu Gott gewollt a vum Kardinol acceptéiert, wier hien op Lëtzebuerg komm.
E Sonndeg de Moie waren just 2 Gleeweger an d’Chrëschtmass komm. De Père Yuriy geet dovunner aus, dass méi Ukrainer vun dëser Konfessioun an den Zäite vu Krich an Exil séilesche Bäistand sichen.
Wa si eng ganz kleng Communautéit duerstellen, këmmert de Père Illarion sech zënter 50 Joer zu Metz ëm déi orthodox Ukrainer. Elo ginn, nieft deenen aus dem franséische Grenzgebitt, och d’Lëtzebuerger Ukrainer vun him betreit. De Kardinol wier averstane gewiescht, dass déi Orthodox an enger Stater Kierch dierften eng Mass zelebréieren, gebraucht gouf awer och den OK vum Proprietär, der Stad Lëtzebuerg- Bal e Joer huet hien op eng Stater Kierch misse waarden, elo wier de Problem Gottseidank geléist. De Bail vun der serbescher Communautéit géing auslafen; elo geet d’Saint Hubert bei der Dummeldenger Gare u si.
Eng éischte Kéier gëtt den hallwe Januar eng ukrainesch orthodox Mass an der Saint Hubert gefeiert, vun do un dann 2 Mol am Mount. Mat Ikonen an aneren Hellegen an, hinne ganz wichteg, et wéilt een déi Lëtzebuerger Gottesdéngschter net stéieren.
Eigentlech feiert déi orthodox Kierch Chrëschtdag eréischt de 7. Januar. Dëst Joer gouf en Deelhuelen un de 25.-Dezember-Feierlechkeeten awer erlaabt. Vun elo u brauchen déi orthodox Ukrainer awer net méi bis bei d’Griichen op Weiler fuere fir eng Mass, déi si un hiert Doheem erënnert, och wann d’Dummeldenger Kierch – d’Stad iwwerhëlt iwwregens d’Heizkäschten – enger orthodoxer guer net gläicht.