PoliceKierperlech Ausernanersetzungen an Déifställ vu Vëloen

RTL Lëtzebuerg
Tëschefäll goufen et zu Esch, Schëffleng an zu Diddeleng.
© Police

D’Police mellt en Tëschefall e Sonndeg zu Esch. Géint hallwer 4 am Nomëtten hu sech eng Fra an e Mann gestridden, doropshi koum et zu enger kierperlecher Ausernanersetzung. Eng Persoun gouf mat enger Gasfläsche blesséiert. D’Affer gouf ambulant am Spidol behandelt. De presuméierten Ugräifer koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Zu Schëffleng koum et e Sonndeg den Owend zu enger Ausernanersetzung tëscht enger Rei jonke Männer. Zwou Persoune goufen heibäi liicht blesséiert. Ee Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a soll e Méindeg virun den Untersuchungsriichter kommen.

Zu Diddeleng goufen d’lescht Woch Vëloe geklaut. Mat der Hëllef vun de Bierger konnten déi presuméierten Déiwen ermëttelt an d’Vëloen erëmfonnt ginn. Eng Plainte géint déi presuméiert Déiwe gouf erstallt an d’Vëloe goufe saiséiert. D’Police sicht awer nach no de Besëtzer vun de Vëloen.

Back to Top
CIM LOGO