AppellsgeriichtKiné wéinst Attentat à la pudeur viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
Dem Mann war reprochéiert ginn, enger jonker Fra am Juni 2017 a senger Praxis un d'Brëscht gaangen ze sinn.
© AFP (Archiv)

Eng Geldstrof eleng wär ze gedam, sot d'Vertriederin vum Parquet général e Freideg op der Cour d'appel an der Stad am zweete Prozess géint e Kiné aus dem Éislek, dee wéinst Attentat à la pudeur de Prozess gemaach krut.

Kiné viru Geriicht / Reportage Eric Ewald

Dem Mann war reprochéiert ginn, enger jonker Fra am Juni 2017 a senger Praxis un d'Brëscht gaangen ze sinn. Am Oktober zejoert war de Mann dowéinst um Dikrecher Geriicht zu enger Geldstrof vun 2.500 € verurteelt ginn. D'Fra hat iwwerdeems 750 € Schuedenersatz zougesprach kritt. Bei d'Geldstrof sollen elo 3 Méint Prisong mat Sursis dobäikommen.

D'Fro no engem Beruffsverbuet géif sech net stellen, ma et wär eng zweet Affär an deem Genre zu Dikrech unhängeg, huet d'Vertriederin vum Parquet général betount. An dësem Fall géif sech d'Fro stellen, ob de Kiné un d'Broschtwaarze vun der Cliente gaange wär. Déi jonk Fra hätt gesot, de Mann hätt zu engem gewëssene Moment keng Explikatioune méi ginn an hir ënnert anerem d'Brëscht an d'Broschtwaarze masséiert. Si wär mal à l'aise, wéi geläämt gewiescht an hätt net verstanen, wat lass war. Der Fra hir Aussoe wären och konstant, am Géigesaz zu deene vum Kiné. Dee wär offusquéiert, bis haut, a géif säin absichtleche Geste leegnen, bis haut. Fir d'Vertriederin vum Parquet général misst och d'Circonstance aggravante zréckbehale gi vum Attentat à la pudeur duerch eng Persoun, déi vun der Autoritéit abuséiert, déi se duerch hir Funktiounen huet. De Me Wiltzius, Affekot vun der jonker Fra, sot sech écoeuréiert, well ee bei e Kiné goe géif, fir gehollef ze kréien. Dee géif och eng gewëss Gradatioun a senger Verteidegung weisen, sech domat awer selwer disqualifizéieren.

De Kiné hat um Ufank vun der Sëtzung erkläert, hien hätt Appell gemaach, well alles, wat hie gemaach hätt, professionell gewiescht wär. Hien hätt bei senge verschiddenen Therapië vläicht e bëssen ze vill op de Broschtberäich insistéiert. Fir dee Fall géif hie sech entschëllegen. Hien hätt awer kee Geste vun der jonker Fra matkritt, dass si net d'accord wär. Op d'Fro hi vun der Vertriederin vum Parquet général, ob hien der Fra hir Brëscht oder hir Broschtwaarzen ugepak hätt, huet de Mann Nee geäntwert. Och fir de Me Pietropaolo, den neien Affekot vum Kiné, stoung déi Fro am Mëttelpunkt. D'Onverständnis vun der Fra, déi sech léséiert gespiert hätt, géif dem Fait géintiwwer stoen, dass de Mann keng Intentioun hat fir en Attouchement. e sollt dowéinst fräigesprach ginn.

D'Appellsuerteel ass fir den 22. Dezember.

Back to Top
CIM LOGO