Sëllege Leit a Passagearrest bruechtKläpperei a Café zu Dikrech, Mordmenacë wärend Familljesträit zu Stroossen a plakeg Persoun zu Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg hat d'Police et nees mat enger ganzer Rei Fäll ze dinn, bei deene Leit d'ëffentlech Rou gestéiert haten.
© Laurent Weber

An der Nuecht op e Sonndeg, géint 2:20 Auer, hate Polizisten op der Esplanade zu Dikrech e Mann um Buedem leie gesinn. Éischten Informatiounen no war et virdrun an engem Café zu enger kierperlecher Ausenanersetzung tëschent him an dräi weidere Persoune komm, woubäi hie liicht um Hannerkapp blesséiert gouf. Ausserdeem hat e vill gedronk an huet sech de Beamten an och Secouriste géigeniwwer onkooperativ verhalen.

Géint 8:30 Auer gouf der Police op der Gare zu Ettelbréck eng Kläpperei tëscht dräi Persoune gemellt, op der Plaz konnt awer och just eng vun hinnen ugetraff ginn, och nees onkooperativ.

Kuerz virun 13 Auer dann e Familljesträit an der Rue de la Chapelle zu Stroossen, bei deem et och zu kierperlechen Iwwergrëffer koum. Dobäi goufe Mordmenacen ausgeschwat. D'Police konnt e Verdächtegen hannert engem Akafszenter zu Bartreng stellen, och hie war onkooperativ an huet Unzeeche vun Alkohol- an Drogekonsum opgewisen.

Sëllegen Uriff krut d'Police dann am Nomëtteg géint 17:30 Auer: An der Rue Jules Fischer zu Bouneweg wier e Mann plakeg ënnerwee gewiescht. Hie gouf ugehalen a kontrolléiert.

Um Kierchbierg, an der Avenue John F. Kennedy, gouf géint 21:30 Auer en alkoholiséierte Mann gemellt, dee vum CGDIS sollt behandelt ginn, ma sech de Secouriste géigeniwwer immens onkooperativ verhalen huet. Hien hat all Hëllef refuséiert, mee konnt net vun eleng op de Bee stoen a gouf dowéinst an d'Ausniichterungszell bruecht.

Back to Top
CIM LOGO